Bierger:innen einfach bedeelegen. E Service fir Stied a Gemengen.
Déi nei Bedeelegung
Mir hëllefen Iech als Gemeng, de Bierger:innen hier Stëmmen an de kommunale Projete mat anzebannen – nach virum Ufank vun ärem Projet.
Mat eisem Usaz „Déi nei Bedeelegung“ kënnt dir:
- All d’Bierger:innen erreechen
- Entscheedunge vereinfachen
- Méi schnell zu Resultater kommen
- Benotzt de Resultater-Briefing fir de Projet mat de Planer unzefänken
Dës bewäerte Method bitt eng nei Zort vu Bedeelegung, bei der Bierger:innen a Projeten involvéiert ginn, ier déi iwwerhaapt ugefaangen hunn. Op et ëm nei Ariichtungen oder d’Notzung vum ëffentleche Raum geet – d’Verwaltung steet virun der Erausfuerderung all Besoinen ze berécksiichtegen, trotz begrenzter Budgeten an Delaien.
Mir hunn d’Léisung, bei der jiddereen zu Wuert kënnt: Déi nei Bedeelegung. Als éischt identifizéiere mir potenziell concernéiert Bierger:inne. Dono féiere mir eng quantitativ Ëmfro duerch, mat digitale Froebéi wéi och mat qualitativen Interviewen. Dobäi gewanne mir wichteg Erkenntnisser fir äre Projet. D’Resultater stelle mir Iech dono a Form vun engem Resultater-Briefing zur Verfügung. Esou erméigleche mir Iech, de Bierger:innen hir Perspektive mat an den Entscheedungsprozess ze integréieren – soudass dir är Ressource fir déi eigentlech Organisatioun notze kënnt. Fir dat beschtméiglecht Resultat fir all Bedeelegter sécherzestellen.
Beräicher:
- Gestaltung vun ëffentleche Räim: Funktionalitéit a Notzung vun sech entwéckelender Räim verbesseren (z.B. Parks, Plazen, Quartieren, …).
- Raimlech Ëmgéigend: Nohalteg Infrastruktur schafen (z.B. ëffentlech Gebaier, Parkplazen, Busarrêten, Beliichtung,…)
- Aktivitéiten am ëffentleche Raum: Bierger:innen bei der Gestaltung vu Fräizäitariichtunge mat abezéien (z.B. Erliefnisser, Spillplazen, ëffentlech Infrastruktur,…)
- Digital Servicer: Verbesserung vun der Qualitéit a Gebrauch vun digitalen an ëffentleche Servicer.
- Zukunftsthemen: Zukünfteg Liewensstiler identifizéieren a kulturell Trends diskutéieren.
Oflaf:
- Beim éischten Austausch diskutéieren an identifizéiere mir zesummen déi konkret Erausfuerderungen.
- An enger demografescher Etude identifizéiere mir déi concernéiert Bierger-Gruppen.
- Mir féieren Ëmfroen duerch a wiele repräsentativ Interview-Participanten aus.
- An den Interviews mat de Bierger:inne gewanne mir relevant Erkenntnisser.
- Dono erstelle mir en ëmfaassende Resultater-Briefing deen all wichteg Informatiounen zur Bierger:inne Bedeelegung enthält.
Am Uschloss kënne mir Iech gären zousätzlech zu enger méiglecher Suite vun der Biergerbedeelegung beroden.
„Déi nei Bedeelegung“ an der Praxis
Am Kader vun de Virbereedunge fir d’LUGA – Luxembourg Urban Garden – plangt d’LUGA a.s.b.l. zesumme mat der Stad Lëtzebuerg de Parc Odendahl am Pafendall nei ze gestalten. Nodeems mir déi verschidden Notzer identifizéiert hunn (z.B. Visiteure vum Parc, Tourist:innen a Gassigänger:innen), sinn an Ëmfroen an Interviews mat de Participanten déi wichtegst Uleiessen ermëttelt ginn. D’Ziel ass et, dass de Bierger:innen hir Besoinen an d’Renovatioun vum Park mat afléissen.
FAQs
„Déi nei Bedeelegung“ ass e Service vu Sensity, deen de Bierger hir Perspektive fréizäiteg mat an de Prozess kommunaler Pläng an Entscheedungen abezitt fir efficace Resultater ze erzielen.
Mir bréngen de Bierger:innen hier Meenung fir Iech an, éier Projeten iwwerhaapt amgaange sinn. Dëst, vir ze evitéieren, dass hir Meenungen - wéi et bis elo oft gemaach gëtt - eréischt zum Schluss gefrot ginn.
Dir erreecht eng héisch Zefriddenheet vun alle Bedeelegten. A net nëmmen dat: et erméiglecht ausserdeem e méi schnellen Oflaf vum Projet. Dat dréit dozou bäi, dass manner Recoursen a Doleancen a soumat gerénger Käschte fir nohalteg Upassungen opkommen.
- Eng demographesch Etude op Basis vu bestoenden Daten.
- Eng ëffentlech zougänglech Online-Ëmfro an enger am viraus ausgewielter Sprooch*.
- Déi fir d’Verëffentlechung vun den Online-Ëmfroen néideg Ënnerlagen.
- Entrevue mat Bierger:innen an enger Sprooch*.
- E finale Rapport an der ausgwielter Sprooch* mat spezifesche Recommandatioune fir d’Gemengen.
*D’Méiglechkeet besteet de Service op weidere Sproochen auszeféieren. All zousätzlech Sprooch gëtt allerdéngs och zousätzlech facturéiert.
Eis Researcher:innen a Service Designer:innen disposéieren iwwert laangjäreg Erfarungen an der Notzerfuerschung a Produktentwécklung. Souwuel dat fréit Abanne vun de Bierger:innen dank Interviews an Ëmfroe wéi och d’Notzung vun existéierenden demografeschen Date bidden eng Grondlag fir en erfollegräiche Projet. Mir bidden en objektiven Usaz fir Léisungen ze fannen, ouni, dass mir direkt an de nofollegende Pläng involvéiert sinn.
Mir bidden eise Service a follgende Sproochen un:
- Englesch
- Däitsch
- Lëtzebuergesch
- Franséisch
- Spuenesch
- Italieenesch
- Portugisesch
- Hollännesch
- Finnesch
- Türkesch
A nëmme 6-8 Wochen nom Optrag erhaalt Dir vun eis e komplette Rapport zur Bierger:innen-Bedeelegung. Eisen einfachen an effizienten Usaz baséiert op Notzungsetuden a garantéiert doduerch schnell a gënschteg Resultater.
All eis Recherche-Methoden si vollstänneg GDPR-konform a schützen d’Privatsphär vun de Participanten. Eis online Ëmfroe gi sécher an exklusiv an der EU gespäichert. Mir garantéieren, e kontrolléierten Zougang a verschlësselt Daten, fir virun onrechtméissegem Zougrëff ze schützen. Mir verwenden ausserdeem Tools, fir souwuel Bots wéi och Bedruch ze erkennen, an iwwerpréiwe reegelméisseg, op alles korrekt funktionéiert.
Jo. Eis Standardoffer an der Biergerbedeelegung deckt zwar all wichteg Ufuerderungen of, kann awer dank zousätzleche Servicer erweidert ginn. Zum Beispill, duerch weider Interviews, en anert Format fir d’Online-Ëmfro oder och duerch Workshops mat spezifeschen Zilgruppen. Mir sinn oppe fir all Ufroen, kontaktéiert eis einfach fir wieder Informatiounen.
Dir wëllt e Projet mat eis starten?
Dann huelt gäre Kontakt mat eis op. Mir freeën eis, vun Iech ze héieren a beroden Iech gären iwwert eis Offer.
Giacomo Piovan
Citizen Participation Consultant
giacomo.piovan@sensity.eu
+352 27 40 56 88
+352 621 270 687
Aitana Kugeler
Citizen Participation Consultant
aitana.kugeler@sensity.eu
+352 27 40 56 80
+352 621 784 529