E Service fir ëffentlech Projeten.
Explain – komplex Zesummenhäng benotzerfrëndlech erklären
Sensity Explain
liwwert Iech Contenue fir eng effektiv Kommunikatioun. Et deckt all Schrëtt vun der Entwécklung vun enger biergernoer Kommunikatioun of, mat Fokus op enger Visualiséierung an enger noer, biergergerechter Sprooch.
D'Virdeeler:
- Komplex an, op den éischte Bléck, dréche Projeten interessant duergestallt.
- Gesteigert intern an extern Motivatioun – et entsteet Vertrauen a Versteesdemech och fir temporär Aschränkungen oder Ännerungen.
- Mëssverständnesser oder verzerrt Perceptiounen evitéiert.
- Besoinen an der Kommunikatioun gi flexibel a kuerzfristeg behandelt.
- Sensity Explain passt sech un etabléiert Kommunikatiounsstrukturen un.
Verstoen – Uerdnung schafen – Ausbauen
Mir analyséieren déi verschidden Niveauen, Zesummenhäng an Detailer vun Ärem Projet – och aus der Perspektiv vu verschiddene Stakeholderen. Wien muss wat wëssen? Wat ass dat motivéierend Zilbild, op dat sech all eenege kënnen? Wéi eng iwwerraschend Informatioune verdénge méi Opmierksamkeet? Wat sinn d’Entwécklunge mat der Zäit? Jee no Besoin entsteet e Konzept aus Animatiounen, Texter, inspiréierende Bildwelten, Kaarten an aneren Iwwersiichten. No engem zolitte Kommunikatiounsplang kënnen d’Contenuen – vun eis, Iech oder Ärer Agence – zum richtege Moment op déi richteg Medien ausgespillt ginn:
- Social Media, Presseoptrëtter
- Medien am ëffentleche Raum
- Print- an digital Medien
- Hausintern Verëffentlechungen
- A Villes méi
Effizient a nohalteg
Firwat ass Sensity Explain den effizientste Wee fir eng konsistent Kommunikatioun?
Digitaliséierung a Professionaliséierung vun de Kommunikatiounsmoossnamen: Eise bewäerte Prozess féiert zu enger Kommunikatiounsplattform / engem Design-System mat Checklëschten, Bausteng, Virlagen a Milestones. Esou kann d‘zukünfteg Kommunikatioun méi einfach a méi séier produzéiert ginn. Dobäi si verschidde Modüller un Är Institutioun ugepasst a berücksichtegen och bestoend Kommunikatiounselementer.
Héich Qualitéit a Vollstännegkeet: Eis interdisziplinär Ekipp an eis Erfarung an der Marken- a Kommunikatiounsstrategie, am Design an an der Biergerkommunikatioun suergen dofir, datt Är Kommunikatioun strategesch ausgeriicht ass.
Heefeg gestallte Froen
Fir ëffentlech Verwaltungen an Déngschtleeschter, fir Stied a Gemengen, fir Muséeën, Galerien a sozial Institutiounen, fir Verkéiersautoritéiten a Firmen.
Jo. Mir kënne Sensity Explain ouni Weideres an Är besteeënd Kommunikatiounsstruktur integréieren. Sensity bitt zwar klassesch Agenceleeschtungen un – och a Verbindung mat Explain – schafft awer professionell mat allen internen an externe Partneren zesummen.
Net haaptsächlech. De Fokus läit op der Produktioun vu benotzbare Resultater. D‘Berodung läit am strategeschen Entworf vun de richtege Messagen. Dobäi setze mir op eis Erfarungen am Service Design an an der ëffentlecher Kommunikatioun.
Dat bestëmmt Dir. Wat méi Hannergrondwësse mir hunn, ëmsou besser a méi effizient kann d’Kommunikatioun entwéckelt ginn. D’Analyse vum Ist-Zoustand kann dobäi ganz effizient duerchgefouert ginn. Wann Dir Äre Projet méi Breet wëllt opstellen, steet d’Research Ekipp vu Sensity zur Verfügung.
Nee, kuckt heizou eis Offer „Déi nei Bedeelegung“.
Dat ass ënnerschiddlech. Mir kënnen déi komplett Produktioun a Kommunikatioun iwwerhuelen. Sensity Explain konzentréiert sech haaptsächl op dat konzeptuellt Erstelle vu Contenuen – Visualiséierungen, Texter, Messagen, Iwwersiichten – esou wéi hir Integratioun an ee Kommunikatiounsplang.
Jo. Duerch den Opbau vun engem Design-System entfaalt eisen Usaz säi vollt Effizienz-Potenzial och fir méi, openee follgend Kommunikatiounsmoossnamen oder -Campagnen.
Mat Sensity schaffen
Sensity schafft methodesch, kreativ an ass ëmmer op der Sich no sënnvoller Vereinfachung. Mir sinn Experten am Beräich Design a Service Design – mat grousser Erfarung an der ëffentlecher Kommunikatioun, Biergerbedeelegung a Visualiséierung. Eis Duerstellung vum Nationale Lëtzebuergesche Kommunikatiounsplang huet am Joer 2023 de renomméierten iF Design Award an der Kategorie „Kommunikatiounsdesign – Verëffentlechungen“ kritt.
Wëllt Dir Äre Projet mat eis starten?
Dann huelt elo Kontakt mat eis op. Mir freeën eis, vun Iech ze héieren an informéieren Iech gär iwwer eis Offeren.
Marcel Befort
Managing Partner
marcel.befort@sensity.eu
+352 27 405 680