Dir schafft am Beräich...

Servicer fir Stied a Gemengen

Citizens in Luxembourg
Citizens in Luxembourg

Äre Partner fir d’Zukunft vu biergerorientéierte Gemengen

Sensity ass ären zouverlässege Partner, wann et drëm geet, d’Zukunft vun de Gemengen an hir Ëmgéigenden ze gestalten. Mir hëllefen, Déngschtleeschtunge vum ëffentleche Secteur siichtbar a méi verständlech ze maachen.

An eiser vun Technologie gesteierter Welt mussen d’Gemengeverwaltungen de wiesselende Besoine vum Bierger gerecht ginn. Déi digital Technologien hunn d’Interaktioun mat Servicer verännert. De Bierger erwaart einfach zougänglech an intuitiv Léisungen a wënscht sech, besser an Entscheedungsprozesser agebonnen ze ginn. Zur selwechter Zäit steet d’Verwaltung virun der Erausfuerderung, mat begrenzte Ressourcen effizient ze schaffen.

Hei kënnt Sensity an d’Spill. Mir stellen de Bierger an de Mëttelpunkt a schafen effektiv Kommunikatiouns- a Participatiounsstrategien, déi den Austausch tëscht Verwaltung an Awunner verbesseren.

12 Joer Erfarung an der Berodung vum ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg

Déngschtleeschtungen a Servicer vum ëffentleche Secteur siichtbar a verständlech maachen

Nohalteg, transparent an zukunftsorientéiert Gemengenentwécklung.

Innovatioun an Erfarung

Eis Ekipp vu fachkënnege Beroder a Kreative bréngt Jorelaang Erfarung a follgende Beräicher mat:

  • Research & Service Design fir Biergerorientéiert Léisungen
  • Kommunikatioun & Branding fir eng kloer a verständlech Ëffentlechkeetsaarbecht
  • Visuellen & UX/UI Design fir intuitiv an accessibel Plattformen
  • Texterstellung & Inhaltsgestaltung fir transparent Informatiounsflëss

Firwat géift dir mat eis zesumme schaffen?

A group of Sensity consultants talking, exchanging ideas, and connecting.
A group of Sensity consultants talking, exchanging ideas, and connecting.

Vertrauenswierdeg a flexibel Zesummenaarbecht

Mir verstinn d’Erausfuerderunge vum ëffentleche Secteur op lokalem an europäeschem Niveau a bidden innovativ, transparent an zouverlässeg Léisungen. Dank eiser modulärer Projetstruktur kënne mir flexibel op Ännerunge reagéieren an d’Budgeten effikass notzen.

Biergerbedeelegung, déi wierklech fonctionéiert

Mir setzen op partizipativ Approchen, déi d’Awunner aktiv mat abannen an nohalteg Resultater garantéieren. Eng staark a verständlech Kommunikatioun mécht den Ëmgang mat Servicer méi einfach an d’Zesummenaarbecht méi effizient.

Méi zu 'Déi nei Bedeelegung'

GDPR & Sécherheet als Prioritéit

Dateschutz an eng sécher IT-Infrastruktur sinn essenziell. Mir garantéiere GDPR-Konformitéit, sou datt d’Vertraue vum Bierger an d’Verwaltung gestäerkt gëtt.

Kulturell Villfalt als Stäerkt

Eis international Ekipp schwätzt verschidde Sproochen a versteet d’Besoine vu multikulturelle Gemeinschaften. Vertrauen, Innovatioun a professionell Exzellenz sinn d’Grondlage vun eiser Aarbecht.

Group of consultants and city officials sitting around a table engaged in a discussion.
Group of consultants and city officials sitting around a table engaged in a discussion.

Wéi mir zesummeschaffen

Ëmsetzung

Et feelt Iech un interne Kompetenzen oder Ressourcë fir alles ze maache wat dir gäre wéilt? Mir suergen dofir, dass är Aufgabe pünktlech an an exzellenter Qualitéit erleedegt ginn – är vergréissert Ekipp fir punktuell Projeten.

Vermëttlung a Berodung

Mir bidden Iech individuell Berodung, sief et bei der Konzeptioun vun engem neie Projet oder bei der Auswiel vun de richtege Methoden. Bei Participatiounsprojeten kënne mir zum Beispill är eege Mataarbechter forméieren an déi néideg Dokumenter zur Verfügung stellen, fir dass är Ekipp gutt ausgestatt ass an d’Biergerbedeelegung selwer duerchféiere kann. Mat de néidegen Technologien an dem dozou gehéierenden Dateschutz, kënne mir Iech och ënnert d’Äerm gräifen.

Wëllt Dir mat ärem Projet starten?

Loosst eis iwwert är Iddien a Froe schwätzen – oder kontaktéiert eis fir eng Offer.

Giacomo Piovan

Service & Participation Design Consultant
giacomo.piovan@sensity.eu
+352 274 056 80

View Profile

Stied a Verwaltungen, déi mir ënnerstëtzen:

SensityCity Lëtzebuerg
Déi nei Bedeelegung Déi nei Bedeelegung

Déi nei Bedeelegung

Mir hëllefen Iech als Gemeng, de Bierger:innen hier Stëmmen an de kommunale Projete mat anzebannen.